Mediabook "Edgar - Poe"
Mediabook “Edgar - Poe” ist ein gemeinnütziges Projekt der "Shadows' Night a.s.b.l.".
-
Story & Musik (Deutsch & Englisch)
-
Leben und Werke des Schriftstellers Edgar Allan Poe
-
Depressions-Prävention bei Jugendlichen
-
Kostenlose Verteilung des Mediabooks an Jugendliche und Lehrer
-
Workshops und Arbeitsmappe für Gymnasien und Jugendhäuser
-
Gewinner der "Saturday Visiter Awards" des "International Edgar Allan Poe Festival & Awards" 2023 in Baltimore (USA)
Träger des Projekts:
-
Shadows’ Night Asbl
Künstler/Musiker:
-
ShadoWhisperS - Musik
-
Diane Frisch & Laurent Schleck - Text
-
Diane Frisch - Illustrationen
Informationen und kostenfreie Bestellung: www.shadowsnight.com

"All Toun zielt! - Wéi d'Musek Kanner zesummebréngt"
D’Buch „All Toun zielt! – Wéi d’Musek Kanner zesummebréngt“, eng Geschicht vum Diane Frisch mat Musek vum Gregory Ney, stellt net nëmmen all d’Instrumenter vir, déi et an enger Musek gëtt, mee weist de Kanner duerch eng flott an zauberhaft Geschicht och, wéi een duerch d’Musek nei Frënn kenneléiert a wéi wichteg en Duerfveräin fir den Zesummenhalt tëscht de Museker ass.
De Max muss d’Schouljoer nach emol maachen a kënnt an eng nei Klass – ouni seng Frënn.
E mageschen Dram féiert hien an eng zauberhaft Musekswelt voller faarweger Wiesen a magesche Museksinstrumenter. Mat Hëllef vum Detektiv Dudel, der Dirigentin DoReMi, dem bloe Villchen a villen neie Frënn entdeckt de Max, wéi all Toun wichteg ass a wéi Musek Kanner zesummebréngt.
Eng wonnerschéi Geschicht iwwer Frëndschaft, Courage, Freed un der Musek an den Zesummenhalt am Museksveräin.
An der Geschicht fënnt de Max a senger Kummer en Ziedel vun enger Schnupper-Prouf vun der Musek. No sengem Dram erënnert hien sech dorun a beschléisst, der Saach eng Chance ze ginn. Doduerch léiert hien nei Frënn kennen, a säi Schoulstart gëtt vill besser, wéi hien et gefaart hat.
Genee hei setzt och eist pedagogescht Konzept un: Mir wëllen d’Kanner op d’Museken aus de Gemengen Käerjeng an Dippech opmierksam maachen. Am Buch, dat d’Kanner am Kader vun den Instrumente-Presentatiounen an de Schoule kréien, läit dofir och en Ziedel mat den Datumer vun de Schnupper-Prouwen vun all Musek.


Zéckt net fir mech ze kontaktéiere fir Liesunge fir Kanner oder Workshops
a Bastelatelieren zum Thema "Gléck": @diane.lu
Mia und Amélie auf der Suche nach dem Glück (printed version) - 12€
D'Mia an d'Amélie op der Sich nom Gléck (printed version) - 12€
Arbeitsmaterialien zu "Mia und Amélie auf der Suche nach dem Glück"
(Deutsch) - 10€

Op hirer flotter Rees an d’Welt vun de Stoiker begéingen déi zwee Meedercher al Philosophen a skurril Gestalten, déi hinnen Iddie ginn, wéi ee ka glécklech ginn.
D'Iddi zum Buch entstanen, nodeems e Bekannte mech op d'Philosophie vun der Stoa gestouss huet. Am Ufank hunn ech gemengt hien hätt dat einfach gemaach well ech iwwert vill Saache gemeckert a lamentéiert hunn an him dat einfach op d'Nerve gaang ass. Mee mëttlerweil sinn ech mir sécher, dass hie mir einfach wollt eppes Guddes doen. A genau dat ass och geschitt.
Ech hu mech vill mat de Stoiker beschäftegt an hu versicht d'Theorie an d'Praxis ëmzesetzen. Fir selwer e Stoiker ze sinn, dovu sinn ech nach wäit ewech. An dat war an ass och net mäin Ziel. Mee verschidde Gedanke vun den ale Griichen hu mir gehollef meng Liewensastellung just e wéineg ze änneren a mech méi glécklech an zefridden ze fillen. Fir et mat hire Wieder ze soen: "Ech maache mäi Bescht" an doduerch fillen ech mech gutt.
Et ass schued, dass ech déi Denkustéiss net schonn éischter fir mech entdeckt hunn. A genau dofir hunn ech d'Buch "D'Mia an d'Amélie op der Sich nom Gléck" geschriwwen. D'Haaptgedanke vun de Stoiker sinn doranner vereinfacht an an enger flotter Geschicht zesummegefaasst. Ech hunn d'Buch mat faarwege Biller illustréiert a mat praktesche Beispiller erkläert fir dass d'Kanner, a vläicht och hir Elteren, e puer vun den Iddien ophuelen a fir sech ëmsetzen. Well wien wënscht senge Kanner net fir hiert Liewen zefridden, frou a glécklech ze sinn?

