"Bleif doheem" ass en Theaterstéck an engem Akt. Et ass geduecht fir Kanner tëscht 6 an 12 Joer.
Et spillt alles an engem Raum a gëtt vu 4 Kanner gespillt. E puer Video/Tounopnamen, déi iwwert en Tablet oder eppes Änleches mussen ofgespillt ginn, ginn och gebraucht.
Et handelt sech em eng Parodie iwwer d'Corona-Zäit, déi sech vum Mia (8 Joer) a vum Amélie (6 Joer) ausgeduecht ginn ass a vun hirer Mamma, dem Diane op Pabeier bruecht ginn ass.
Vill Spaass beim Liesen! A vergiesst net eis e klenge Video ze schécken, wann dir d'Stéck nospillt.
Wann dir d'Stéck wëll viru Public opféieren, kontaktéiert mech wannechgelift.
"Bleif doheem" - en Theaterstéck fir Kanner
15,00€Price